Nationalstrooss 40

D'Nationalstrooss 40 oder N40, deels och als nei N3 am Sproochgebrauch[Source?], ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Lëtzebuerg, déi zanter 2022 op ass. Se huet hiren Ufank zu Bouneweg, ëstlech vun der Jean-Pierre-Büchler-Bréck, wou se vun der Diddenuewener Strooss aus iwwer de Boulevard de Kyiv a Richtung Süde leeft. Tëscht der CFL-Busgarage am Westen an der Tramsstreck am Osten, féiert se laanscht den zukünftege Pôle d'échange Bouneweg a stéisst méi spéit – um Gebitt vun der Gemeng Hesper – op de Rangwee. Vum Tunnel Rangwee aus leeft s'iwwert de Boulevard des Scillas bis s'op der Héicht vum Akafszentrum op den CR231 stéisst.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search